De Buergermeeschter René huet et momentan alles anescht wéi einfach. Seng Fra Netty huet hien aus dem Haus geheit, seng Sekretärin Régine an den Hausmeeschter Roger hunn d’Hänn voll ze dinn, an och déi aner Awunner maachen him d’Liewen net méi einfach.
Dobäi steet d’Aweiung vun der Gemeng virun der Dier, an de Bëschof selwer huet säi Besuch ugekënnegt. Eigentlech sollt also alles wéi um Schnéierche lafen …
Mee wéi sou dacks kënnt alles anescht wéi geplangt! Eng onerwaart Wendung suergt fir e gewaltegen Duercherneen, an op eemol ass näischt méi esou, wéi et schéngt.
Ob de René aus deem ganzen Trubel eppes léiert?
D’Äntwert steet an der Kristallkugel …
Alleluja!
Vill Spass wënscht d'Theatequipe an de Comité vun der Harmonie Victoria Téiteng.
Regie: Astrid Rolz-Kühn
Et spillen: Lynn Bley, Marcel Zimmer, Elisabeth Schmit, Patrick Donven, Ben Weiler, Marie-France Blaise-Baum, Yves Schmartz, Vanessa Inferrera